„OFT ZUM RICHTEGEN AMENT OP DER RICHTEGER PLAZ“

D’Anne Brasseur mécht d‘Dir vun hirem Appartement zu Hollerech op a si straalt iwwert d’ganz Gesiicht. Esou gesäit Zefriddenheet aus, denken ech mer. Am Hannergrond leeft klassesche Piano an dat ass keen Zoufall, wéi ech méi spéit gewuer ginn.

D’Ännchen ass an der Groussgaass opgewuess, iwwert dem Traditiouns-Kleedergeschäft Maison Brasseur. De Papp hat e Staminee an der Kathedral (e Café an der Beckstrooss). Mat Leit, déi sech an der Politik auskannt hunn. Esou krut dat klengt Ännche schonn um Owesdësch eppes mat vun der politescher Aktualitéit, wa säi Papp dovunner verzielt huet.

An der Spillschoul an der Aldréngerschoul gesäit hatt nach de leschte Charly fueren. Dono ass et d’Primärschoul fir d’Meedercher an der Kongregatiounschoul an dunn de Meedercherslycée um Lampertsbierg: „Ech wor net déi beschte Schülerin, well ech hat vill Aktivitéiten niewelaanscht“. Dat woren den Tennis (Schéiss a duerno SPORA), d’Scouten (FNEL) an d’Musek.

THÉ DANSANTEN

Mat 12 Joer mécht d’Ännchen heemlech bei engem Museks-Concours an der RTL-Emissioun École buissonnière mat, am Gittars-Duo mam Guy Schons. Wéi seng Elteren dat héieren „du wor meng Musekscarrière scho mol eriwwer, ma Musek ass mäi ganzt Liewe laang wichteg bliwwen, bis haut“.

D’Ännchen huet méi spéit Frënn mat engem Orchester. Hat hëlleft bei der Organisatioun vun Thé Dansanten a spillt mat am Casino an der Ënneschtgaass oder op der Schéiss. Esou kann hatt och e puer Su niewelaanscht verdéngen. „Esouguer d’Nonnen aus der Ste Sophie hunn eis fir en Thé Dansant engagéiert“.

No der Première studéiert d’Anne Brasseur Psychologie zu Tübingen an zu Mannheim. D’Ausleefer vu Mee 68 sinn och an Däitschland ze spieren. „Dat huet mech awer net weider gepräägt. Mäi Wee wor ëmmer dee vun der Toleranz“.

1975 fänkt d’Ännchen am SPOS zu Esch am Jongelycée an an der Beruffsschoul u mat schaffen. Dono gëtt hatt déi éischte Chargée de direction vum SCAS (Service central d’assistance sociale).

VEREEDEGUNG MAT WERNER A SANTER

Déi nämmlecht Zäit freet d’Colette Flesch hatt, fir mat der DP an d’Gemengewalen ze goen. „Ech wor am Ufank paff. Ma si hu jonk Leit a Frae gesicht. An ech hunn iwwerraschend gutt ofgeschnidden”. D’CSV wor deemools an der nationaler Oppositioun an esou gëtt d’Ännchen zesumme mam Pierre Werner, mam Jacques Santer a mam Jean Dupong vereedegt. „Ech war ganz impressionéiert“. Hatt ass mat der Buergermeeschtesch Colette Flesch déi eenzeg Fra um Knuedler.

Vum Knuedler geet et 1979 eriwwer op de Krautmaart, wou d’Anne Brasseur ë.a. d’Anti-Krise-Gesetz rapportéiert. D.h. Erhéijung vun der TVA a vun den Accisen an Aféierung vun der Solidaritéitssteier. „E Projet mat onpopuläre Mesuren, wou sech keen anere virgedréckt huet“, schmunzelt si.

An der Gemeng ass d’Ännche vun 1982 bis 1999 a vun 2005 bis 2009 am Schäfferot . „Ech hat Defien ëmmer gären. Dofir wor ech  ë.a. fir d’Circulatioun responsabel. Do erënneren ech mech zemol un d’Aféiere vum Park+Ride, vun de Busspueren a vum Parking résidentiel. Ech sinn awer haut nach extra houfreg op meng Iddi mat der Spillplaz um Knuedler. Well et sinn net ëmmer nëmmen déi grouss Saachen, déi zielen. An der Gemeng kann ee ganz oft de Leit konkret hëllefen a fir mech ass de perséinlechen Kontakt enorm wichteg.“

NACH EEMOL ESOU MAACHEN

1999 steet d’Anne Brasseur virum Choix fir Stater Buergermeeschter ze ginn oder Minister. Si entscheet sech fir d’Educatioun an de Sport an der Regierung Juncker-Polfer. An der Erënnerung vum Grand public bleiwe Back to Basics an d’Koeffiziente fir d’Morale laïque an d’Relioun. „Ech géing béides nach eemol esou maachen. Liesen, schreiwen a rechne sinn d’Basis vun enger schoulescher Bildung. An d’Morale laïque an d’Relioun sinn deemools ouni Koeffizienten net seriö geholl ginn. Dobäi gehéiert d’Bibel fir mech z.B. zur allgemenger Kultur an dat huet näischt mam Glawen ze dinn.“

Een aneren Héichpunkt erlieft d’Ännchen als Presidentin vun der Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe. Si schafft dee ganz kritesche Rapport iwwert d’Gouvernance am Futtball aus. „Et wor immens spannend, ma ech hunn och d’Grenzen erlieft, wann een esou ee System wëll opbriechen“.

FRËNDSCHAFTE FIR D’LIEWEN

Zanter dem Récktrëtt aus der Politik ass d’Anne Brasseur nach a verschiddenen internationalen Organisatiounen aktiv. Si huet méi Zäit fir  hiren Enkel, liest, mécht Sport a hëlt neierdéngs Pianosstonnen: „Do muss ech all Dag üben“.

De Gemittszoustand vum Anne Brasseur ass serein, frou an zefridden. „ Ech wor oft zum richtegen Ament op der richteger Plaz. Fir een, deen ni richteg Kandidat fir eppes wor, ass et mer ganz gutt gaangen. Et huet sech alles esou erginn. Ech hat vill Chance am Liewen. An et geet mer weider gutt“.

Fir d’Ännchen ass Frëndschaft enorm wichteg. Dobäi kommen déi,  déi d’Politik hir bruecht huet. „Déi Frëndschafte mam Colette Flesch a mam Lydie Polfer sinn eemoleg“, ënnersträicht hatt. A gesäit nach méi zefridden aus, wéi am Ufank vun eisem Gespréich…

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.