Sie sind hier

Bilan-Pressekonferenz vum Bildungsminister Claude Meisch

De Bildungsminister Claude Meisch huet gëschter op eng Bilan-Pressekonferenz invitéiert. Et wier vill ugepaakt a geschafft gi fir aus eise Klengsten an Zukunft staarkt Kanner ze maachen. Wat genee domat gemengt ass, gesitt Dir an dësem flotte Video vum Bildungsministère.

News Bildung Claude Meisch

Aarbechtskonditioune vum CFL-Personal am Summer

Uschléissend un hir rezent parlamentaresch Fro zu den net-klimatiséierten Zich am Héichsummer, ass den DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn zu Ouere komm, dass och d’Personal, besonnesch d’Lokführer an hirer Kabinn, an deenen alen Zich dacks ouni Klimaanlag an a ganz héijen Temperature musse schaffen. Opgrond vun den domadder verbonnene Gesondheets- a Sécherheetsrisiken, hu si beim betraffene Minister nogefrot, ob et säitens dem Personal ewell Reklamatioune an deem Kader gouf, an ob konkret Mesure virgesi sinn, fir déi net-klimatiséiert Lokführerkabinne an Zukunft mat enger Klimaanlag z'equipéieren.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Gehälteraccord an der Fonction publique: D’DP-Fuerderung fir eng Verkierzung vum Stage ass ëmgesat ginn.

Als Suite vun enger responsabeler Budgetspolitik, hat d’Regierung nees genuch finanzielle Sputt, fir geziilt Entlaaschtunge vun de Mëttelschichten a vun de Familljen ze realiséieren. Dat gëllt och fir den neie Gehälteraccord, wou d’Stagezäit nees op 2 Joer reduzéiert ginn ass. Eng Fuerderung, déi d’DP schonn am Februar gestallt hat. Domadder fält och d’80-80-90-Reegelung ewech.

Pressemitteilung Staat und Öffentlicher Dienst
M D M D F S S
 
 
 
 
 
 
1
 
2
 
3
 
4
 
5
 
6
 
7
 
8
 
9
 
10
 
11
 
12
 
13
 
14
 
15
 
16
 
17
 
18
 
19
 
20
 
21
 
22
 
23
 
24
 
25
 
26
 
27
 
28
 
29
 
30