29 June 2022
Zu Lëtzebuerg hunn d’Salariéen ee Recht op eng ganz Panoplie u Congéen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn wollte vum Aarbechtsminister wëssen, fir wéi vill Deeg dës verschidde Congéen am Duerchschnëtt an de leschte fënnef Joer gefrot goufen an ob Fraen a Männer d’Congéen ënnerschiddlech ufroen.
22 June 2022
Am Iechternacher Park steet op engem Panneau et géif eng historesch Studie vum Kulturministère gemaach ginn, a bis déi fäerdeg ass, kéinte keng Schied vum Héichwaasser am Juli 2022 behuewe ginn. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet an enger parlamentarescher Fro un d'Kulturministesch eng Rei Detailer gefrot.
22 June 2022
Am Oktober 2021 gouf vum deemolege Minister fir Sozialversécherung ee « Remboursement accéléré » fir medezinesch Rechnungen ugekënnegt. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet nogefrot, wéi vill Dokteren dëse méi séieren Remboursement ubidden, wéi laang d’Delaien fir dës Remboursementer sinn a wat ënnerholl gëtt, fir datt nach méi Dokteren de « Remboursement accéléré » ëmsetzen.
10 June 2022
Der DP-Deputéierter Carole Hartmann ass zu Ouere komm, dass virgesi wier de Post-Bankomat zu Iechternach zouzemaachen. An deem Kader wollt si vum zoustännege Minister wëssen, ob dat sou wier an ob ieren och de Büro soll zougemaach ginn.
02 June 2022
Zanter 2018 ass den Asaz vu medezineschem Cannabis zu Lëtzebuerg erlaabt an hëlleft ënnert anerem Patienten mat chronescher Péng. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn déi zoustänneg Ministere gefrot, ob medezinesche Cannabis och bei der Behandlung vu weidere Krankheeten agesat sollt ginn, an ob an Zukunft och an Apdikten ausserhalb vum Spidol medezinesche Cannabis verkaaft kéint ginn.
01 June 2022
A Frankräich ginn d’« Puffs », elektronesch Zigaretten fir ewechzegeheien, bei Jonken ëmmer méi beléift. De franséische Gesondheetsministère ass beonrouegt, well esou eng nei Generatioun vu Fëmmerten entstoe kéint. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’« Puffs » och zu Lëtzebuerg ee Problem sinn an ob et sënnvoll wier d’Bevëlkerung iwwer...
19 May 2022
De ChdN assuréiert op sengen zwee Sitte Wolz an Ettelbréck d’Gesondheetsversuergung fir de Norden an deelweis fir den Oste vum Land. Wat wäert an Zukunft ënnerholl ginn, fir datt déi zwee Sitten och an Zukunft attraktiv bleiwen? D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, ob eng Kollaboratioun mat der Universitéit Lëtzebuerg geplangt ass,...
05 May 2022
Den CSSST, deen der Direction de la Santé ënnersteet, ass zanter 2018 net méi zesummekomm. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat keng Reunioune méi stattfonnt hunn, an ob d’Ministesch an nächster Zäit eng Reunioun aberuffe wäert?
07 April 2022
No der Fermeture vun der Maternité um Site Ettelbréck vum Centre Hospitalier du Nord, wäert d’DP-Deputéiert Carole Hartmann eng erweiderdert parlamentarescher Fro an der Chamber un d’Gesondheetsministesch riichten. Wéi steet d’Ministesch zu der Fërderung vun Hausgebuerten, der Installatioun vun engem Gebuertshaus, wéi se an Däitschland scho laang üblech sinn, oder och d’Schafen vun enger Hiewanenambulanz.
30 March 2022
Et ass den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn zu Ouere komm, dass de Projet vum neie P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare vun den CFL wéinst der Präisexplosioun ë.a. vum Material virleefeg gestoppt gi wier, an nei geplangt soll ginn. Aus deem Grond hu si beim zoustännege Minister weider Detailler gefrot.
28 March 2022
Bis haut gëtt et fir d‘Radiologie am Extrahospitalier keng Tariffer an der Nomenclature. Dat bedeit, datt z.B. een IRM just komplett vun der Krankekeess iwwerholl gëtt, wann en am Spidol gemaach gëtt. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéini de Sujet an der Nomenclatureskommissioun nees thematiséiert gëtt an ob si net der Meenung sinn, datt eng...
16 March 2022
A Frankräich gouf dëse Mount eng national Strategie fir d’Bekämpfung vun der Endometriose annoncéiert. Eng Krankheet, déi weltwäit 180 Millioune Frae betrëfft. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi vill Fraen hei am Land un dëser Krankheet leiden a wat géint d’Endometriose ënnerholl gëtt.
04 March 2022
D'Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hunn sech bei der Familljeministesch iwwer déi verschidde Congésformullen informéiert.
11 February 2022
Duerch d‘Gesetz vum Dezember 2020 ass et mëttlerweil méi einfach säi Numm oder Nonumm ze änneren. Wéi vill Leit hunn 2021 hire Numm geännert a wat si generell d’Motiver vun den Demanden. Eis Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hu nogefrot.
04 February 2022
Fir eng erfollegräich Ausféierung vum Sport schafe funktionell an zäitgeméiss Infrastrukturen d'Basis. An dem Kontext, hunn DP Deputéierte Claude Lamberty a Carole Hartmann beim Sportminister nogefrot wéi et mam Ausbau an Developpement vu Sportsinfrastrukturen uechtert Land ausgesäit.
03 February 2022
Um Site vun der Patiente Vertriedung asbl ass, säit dem 26. Januar 2022, e Formulaire ze fannen, deen et de Leit erlaabt Impf-Niewewierkungen ze deklaréieren. D'Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann froe sech, firwat et dee Formulaire gëtt, an ob dee konform zur Legislatioun ass.
31 January 2022
Am Koalitiounsaccord gouf festgehalen, datt een Entschiedegungsfong fir „aléa thérapeutique“ agefouert soll ginn. Wann Accidenter bei Behandlungen geschéien, mee kee Feeler beim Gesondheetsdéngschtleeschter virläit, soll dëse Fong d’Patienten entschiedegen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn an ob dëse Fong nach an dëser...
31 January 2022
De Service audiophonologique offréiert eng Fréierkennung vu Sproochendefiziter bei Kanner am Alter vun 30 Méint. D’DP-Deputéiert Max Hahn, Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch Froen zu der Bedeelegung gestallt, wéi och zu den aktuelle Problemer ee Rendez-vous ze kréien.
28 January 2022
Nom Héichwaasser vum leschte Juli hu vill Leit a Gemengen decidéiert, an Héichwaasserschutzmoossnamen z'investéieren, déi och vum Waasserfong finanziell ënnerstëtzt ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn ënnert anerem nogefrot, wéi vill Demandë scho rakomm sinn a wéi vill dovu schonn traitéiert goufen.
24 January 2022
Wann d’Kand krank, mee de Kannerdokter grad net disponibel ass, da kënnen d’Elteren mat hirem Kand an d’Kannerklinik, an d’Clinique Bohler oder an d’ambulant Pediatrie vum Nordspidol fueren. Nieft laange Waardezäiten, musse virun allem Elteren aus dem Norden an Oste vum Land dofir oft laang Trajeten op sech huelen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch...
18 January 2022
Well et aktuell zu gréissere Retarde beim Auststelle vun den Ordonnancë fir den Isolement, fir d’Quarantainen a fir PCR-Tester kënnt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.
12 January 2022
Mam Gesetz vum 31. Juli 2020 goufen d’Indemnitéiten fir Dokteren ugepasst, déi amgaang sinn hir Spezialisatioun ze maachen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, ob Dokteren, déi sech an der Spezialisatioun befannen schon dës adaptéiert Indemnitéit kréien, a wann net, ob ee retroaktiven Remboursement vun der Differenz virgesinn ass.
10 January 2022
An hirer drénglecher parlamentarescher Fro wëllen d'DP Deputéiert Claude LAMBERTY a Carole HARTMANN wësse, wéi den zoustännege Minister op den Opruff fir virum Spidol Robert-Schuman ze demonstréiere reagéiert, besonnesch mam Wësse wéi d'Manifestatiounen an de leschte Wochen ofgelaf sinn.
05 January 2022
Trotz Invitatioun fir d'Boosterimpfung, krute verschidde schwanger Fraen am Impfzentrum d'Impfung refuséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat dat esou ass a wat ënnerholl gëtt fir dëse Fraen den Zougang zu hirer Boosterimpfung z'erméiglechen.
21 December 2021
D'Héichwaasserschied am Iechternacher Park goufen bis haut nach ëmmer net gefléckt. D‘Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d’Kulturministesch an deem Kader no de Grënn fir dësen Retard a no der viraussiichtlecher Reprise vun den Aarbechten gefrot.
14 December 2021
Aus dem Minister senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro geet ervir, dass keng zousätzlech P&R am Réimecher Kanton geplangt wieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet doropshin nogehaakt, wat d'Grënn dofir sinn.
02 December 2021
Am leschten Iechternacher Gemengerot an och an engem rezente Presseartikel war d’Kritik um Kulturministère vu Säite vum Buergermeeschter a sengem éischte Schäffe grouss. An deem Kader huet eis Deputéiert Carole Hartmann e puer Froen un d’Kulturministesch gestalt.
01 December 2021
D'Aarbechten um éischten Deel vum Iechternacher Bypass kéinte laut Ministère Enn 2021 ufänken. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst nogefrot, wou de Projet drun ass a wéini d'Aarbechten tatsächlech ufänke sollen.
17 November 2021
Nom Héichwaasser Mëtt Juli gouf vun der Regierung eng finanziell Ënnerstëtzung vun 100 Millioune fir betraffe Stéit, Geschäfter a Gemengen zur Verfügung gestallt. D'DP Deputéiert Carole Hartmann huet an dem Kontext d'Inneministesch no konkreten Informatiounen zur finanzieller Ënnerstëtzung fir déi betraffe Gemenge gefrot.
15 November 2021
Ëmmer méi dacks héiert ee vu Kandsmëssbrauch an Affäre vu Maltraitance vu Kanner a Jugendlechen. Och Lëtzebuerg ass keng Insel an d’Zuelen hunn d’Tendenz zouzehuelen. An deem Kader hunn eis Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.
03 November 2021
Fir Entloossunge wärend dem duerch d’Covid-19 Pandemie verursaachten ekonomeschen Abroch ze verhënneren huet d’lëtzebuergesch Regierung de Chômage partiel agefouert. Des weideren huet de Ministère fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Bonge fir Formatiounen ugebueden. D’Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann froen den Aarbechtsminister no sengem Bilan iwwert des Formatiounsoffer.
02 November 2021
Bäi den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 ass d'Strooss tëscht Bäerdref an der Vugelsmillen staark beschiedegt ginn. D’Deputéiert Carole Hartmann freet beim Mobilitéits- an Transportminister wéi d’Reparaturaarbechte viru ginn.
30 September 2021
Verschidde Länner limitéieren d'Gültegkeet vun der Covid-19-Impfung fir d'Arees. Fir Persounen, déi Ufank des Joers geimpft goufen, leeft d'Gültegkeet vun der Impfung deemno geschwënn aus. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob och Lëtzebuerg esou eng Limitt virgesäit a wat op EU-Niveau kann ënnerholl ginn.
15 September 2021
Déi nei Buslinnen 110 an 111, sou wéi se am Kader vun der RGTR-Reform festgehale goufen, si fir vill Leit net méi intressant genuch fir den Auto stoen ze loossen, dat héiert een ëmmer nees aus der Regioun. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wat geplangt ass, fir dës Linne rëm méi attraktiv ze maachen.
22 July 2021
Vill Geschäfter, Hoteller, Restauranten, Caféen a Campingen, déi scho staark ënnert dem Confinement gelidden hunn, hunn elo enorme Schued duerch d’Iwwerschwemmungen erlidden. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Mëttelstandsminister Lex Delles nogefrot, ob dës Entreprisen Avance kéinten ausbezuelt kréien a wéi séier si mat enger Hëllef kënne rechnen.
22 July 2021
Kéint duerch d'Installatioun vu Polder, déi d'Waassermasse bei Héichwaasser opfänken, den Iwwerschwemmungsrisiko bei Flëss reduzéiert ginn? D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot.
01 July 2021
D'Delta-Variant vu Covid-19 verbreet sech ëmmer méi an Europa. Domadder kënnt d'Suerg op, datt am Hierscht eng 4. Infektiounswell op eis duerkomme kéint. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si de Risiko vun enger 4. Well hei am Land aschätzt an ob scho Preparatioune lafen fir sech op dëse Fall virzebereeden.
29 June 2021
Defibrillatoren an éischt Hëllef Geste kënne Liewe retten, dat huet de rezente Fall vum dänesche Fussballspiller Christian Eriksen op en Neits gewisen. Well et a sou Situatiounen drop ukënnt, dass net nëmmen de Public genuch sensibiliséiert ass an déi richteg Geste kennt, mee et och genuch Defibrillatoren am ëffentleche Raum gëtt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann, Claude Lamberty a Max Hahn bei...
14 June 2021
Aktuell dierfen homosexuell Männer 12 Méint kee Geschlechtsverkéier, wann si zu Lëtzebuerg Blutt spende wëllen. An anere Länner, wéi z.B. Groussbritannien, gëtt de Prinzip vum individuelle Risiko beim Sexualverhalen ugewannt, woumat et net zu enger Diskriminatioun vun Homosexuelle kënnt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Diskriminatioun...
08 June 2021
Eng rezent Etüd vun der Universitéit vum Saarland deit dorobber hin, datt eng Kombinatioun vum AstraZeneca a vum Biontech/Pfizer Impfstoff zu enger héijer Immuniséierung féiert. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob esou eng Kombinatioun, no Bestätegung vun der Resultater, och ze Lëtzebuerg consideréiert géif ginn?
07 June 2021
Opgrond vum Klimawandel wäerten Hëtztwellen ëmmer méi heefeg ginn. Domadder klëmmt och de Risiko vun Dehydratiounen an Hëtztdoudegen, virun allem bei eeleren a kranke Leit. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch zu dësem Sujet e puer Froe gestallt, ënnert Anerem zu wéi villen Hëtztdoudeger an Dehydratiounen et hei am Land an de leschte Joren komm ass.
18 May 2021
Zu Iechternach soll um Péngschtdënschdeg zu Éiere vun der Sprangpressessioun eng Skulptur aus Bronze ageweit ginn. Well de Site vis-à-vis vun der Basilika mat zum Monument national gehéiert a geschützt ass, muss den zoustännege Ministère seng Autorisatioun fir dës Skulptur ginn. An deem Kontext hunn eis Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler eng dringend parlamentaresch Ufro gestalt.
14 May 2021
Wann de Partner beim Geschlechtsverkéier d’Kondom ausdeet, ouni der Partnerin eppes dovun ze soen, da schwätzt ee vu ‚stealthing‘. Dëst ass net nëmmen e grousse Vertrauensbroch, mee kann och gesondheetlech Konsequenze fir béid Partner mat sech bréngen. Wéi gëtt dëse Phänomen hei zu Lëtzebuerg gehandhaabt? Wat ass an esou engem Fall am Strofgesetz virgesinn? Muss d’Strofgesetz adaptéiert ginn fir dës...
12 May 2021
Am Dezember ass dat neit Gesetz gestëmmt ginn dat de Prozess sollt vereinfachen fir de Numm oder Virnumm ze änneren. Wéi vill Leit hunn dës Méiglechkeet bis ewell genotzt, wéi laang dauert de Prozess a sinn all Demanden och erfollegräich. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim Ministère de la Justice nogefrot.
12 May 2021
Rezent Diskussiounen hunn d’Thematik iwwer Geschlechter an hir Bedeitung an enger Societéit nei relancéiert. Och d’Gesetzestexter sollen an Zukunft méi inklusiv sinn, a sech enger Gesellschaft am Wandel upassen. Am Koalitiounsakkord 2018-2023 ass virgesinn, en drëtt Geschlecht, also eng drëtt Optioun am État civil ze envisagéieren. Wéi wäit sinn d’Aarbechten op dësem Projet a wat ass hei genee virgesinn?...
11 May 2021
D'CNS huet 2020 iwwer 1,1 Millioune Krankeschäiner erfaasst, wat eng däitlech Hausse vis-à-vis vun 2019 representéiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt vum Minister fir d'sozial Sécherheet ënnert Anerem wëssen, wéi eng Secteuren am Meeschte betraff waren, wéi laang d'Krankeschäiner duerchschnëttlech gedauert hunn a wéi oft se verlängert goufen.
29 April 2021
Opgrond vum Mangel u Rostoffer an anere Materialien, huet d'Regierung decidéiert fir de Chômage partiel am Bausecteur bis Juni ze verlängeren. An dësem Kontext hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann bei den zoustännege Ministeren ënnert Anerem nogefrot wéi vill Entreprisen hei betraff sinn a wéi eng Konditiounen erfëllt musse sinn fir de Chômage partiel kënnen unzefroen.
28 April 2021
Am Fall vun enger Scheedung soll e gedeelten Droit de Garde oft e Kompromëss an et soll kloer gereegelt sinn, wien d’Kanner wéini a fir wéi laang bei sech hunn. Net ëmmer gëtt sech allerdéngs un dat wat ausgemaach ass gehalen. Ëmmer méi oft héiert een och vu Fäll wou en Elterendeel d’Kanner méi laang bei sech behält oder och se net méi bei den Ex-Partner zeréckgoe léisst. Mat Zäite ginn d’Kanner esouguer...
28 April 2021
Wéinst der Covidkris hu vill aner medezinesch Agrëff an Traitementer missen ofgesot oder verréckelt ginn. Dat trëfft och op Organtransplantatiounen zou, am besonneschen d'Transplantatioun vun Nieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, wéi vill Nierentransplantatiounen hei am Land wärend der Pandemie hu missen deprogramméiert ginn, wéi vill Patienten...
19 April 2021
D’Gebuert vun engem Kand ass ee vun deenen schéinste Momenter fir all Elteren. A vereenzelte Fäll kënnt et allerdéngs fir, dass d’Mamm oder de Papp eng „post-natal Depressioun“ entwéckelt an alles anescht ewéi Gléck a Freed verspiert. An deem Kader wollt d’DP-Deputéiert Carole Hartmann vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi déi betraffe Persounen zu Lëtzebuerg kënnen gehollef kréien.
16 April 2021
Geschlechtskrankheeten sinn nach ëmmer eng reell Gefor fir eis Gesondheet. Antibiotikaresistenzen droen zousätzlech dozou bäi, datt verschidde Krankheeten nees méi geféierlech ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéivill Fäll vu Geschlechtskrankheeten zu Lëtzebuerg optrieden a wéi eng Mesuren ergraff ginn fir hir Verbreedung...
13 April 2021
Nodeems a ganz Frankräich de Frascht de Riewe schlëmm zougesat huet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler, Gilles Baum a Carole Hartmann beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit.
07 April 2021
Mam Wuesstem vun eiser Populatioun klëmmt och d’Quantitéit un Offall deen vun de Gemengenautoritéiten entsuergt muss ginn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ë.a. nogefrot, ob eventuell geplangt gëtt fir d’Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall ze erhéijen.
02 April 2021
Operatiounen u Kanner déi ‚intersex‘ sinn, si keng Seelenheet. Oft gëtt Intersexualitéit als e medezinesche Problem ugesinn, den et ze behiewe gëllt. Onofhängeg dovun, dass dës Kanner gesond sinn, gëtt hinnen heimat e Choix geholl den si zu engem spéideren Zäitpunkt hätte missen dierfe selwer treffen. An Däitschland soll lo e Gesetz des Praxis verbidden an intersex Kanner an hirer Autodetermination...
02 April 2021
Eng Feelgebuert ass fir all Elteren e schreckleche Moment. En Enn vun engem neie Liewen, nach éier et ugefaangen huet. A Neiséiland gouf e Gesetz gestëmmt dat den Elteren an dëse Fall soll extra Congésdeeg accordéieren. Si sollen an dëser Situatioun Zäit kréien hire Verloscht ze betraueren. D’Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hu nogefrot, ob och bei eis esou speziell Congésdeeg wäerten agefouert...
24 March 2021
Obwuel Spideeler streng Hygiènesmesuren anhalen, kann et virkommen, datt sech Patienten am Spidol mat Covid-19 ustiechen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d'Gesondheetsministesch no Statistiken gefrot a wéi oft Schnelltester am Spidol an den Asaz kommen fir d'Patienten ze schützen.
24 March 2021
De Phenomen vum Hate Speech verbreet sech ëmmer méi an der Gesellschaft. Net nëmmen, mee besonnesch Kanner a Jugendlecher gesinn sech dëse Commentaire mat all hire Konsequenzen ausgesat. Wéi huet sech dëse Problem iwwert d’Joren entwéckelt, wat ka gemaach ginn fir dem entgéintzewierken a wéi kënne besonnesch déi Jonk sech virun Hate Speech am Netz schützen a sech dogéint wieren. D’Deputéiert Carole...
24 March 2021
D’ITM huet wärend der Krise och Kontrollen am Horeca-Beräich gemaach. Natierlech sinn dës Kontrolle wichteg, mä verschidde Betriber mussen elo a kuerzer Zäit gréisser Aarbechte maachen. Si fäerten, datt se wéinst der Pandemie dëst net an der imposéierter Zäit hikréien a bei verschiddener feelen och d’Liquiditéiten. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Guy Arendt froe beim zoustännege Minister no, wéi...
18 March 2021
Et ass eis zu Ouere komm, datt verschidde liberal Hiewanen nach keng Invitatioun krute fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dëse Problem bekannt ass, an ob och aner Gesondheetsberuffer betraff sinn.
09 March 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass zougedroe ginn, datt fir eeler Leit aus der Nordspëtzt, mat enger Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung, am Impfzentrum zu Ettelbréck deelweis keng Zäitplagë méi fräi waren. Si kruten um Telefon gesot si missten ee Rendez-vous zu Munneref huelen. D'Deputéiert hu sech bei der Gesondheetsministesch renseignéiert, ob et sech dobäi ëm Eenzelfäll handelt...
04 March 2021
Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.
04 March 2021
Den 26. September 2018 gouf de Grondstee fir den Ëmbau vum Wäimusée zu Éinen geluecht. Zanterhier ass awer net vill geschitt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann freet bei den zoustännege Ministeren no wou de Schantjen drun ass a wéini den neie Musée wäert opgoen.
02 March 2021
Nieft den Impfzenteren soll an Zukunft och an de Praxissen vun Hausdokteren géint de Covid-19 geimpft kënne ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ab wéini dëst méiglech wäert sinn an ob jiddereen sech vu sengem Hausdokter wäert kënnen impfe loossen.
22 February 2021
Et ass den DP-Deputéierte Gilles Baum a Carole Hartmann zougedroe ginn, dass d'Luxair franséische Schampes op hire Flich zerwéiere géif. Déi zwee Ost-Deputéiert hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net sënnvoll wier Lëtzebuerger Cremant a Wäiner iwwer Firmen, wou de Staat Haaptaktionär ass, ze fërderen?
19 February 2021
Och an de Spideeler kann et virkommen, datt Patiente sech eng Infektioun zouzéien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem no aktuellen Zuele gefrot a wéivill spezialiséiert Personal an dësem Beräich zu Lëtzebuerg schafft.
17 February 2021
An der Phase 1 vun der Impfstrategie gouf d'Personal aus dem Gesondheetssecteur oder déi, déi a Spideeler oder Altersheemer schaffen, prioritär geimpft. An der 2. Phas vun der Impfcampagne gi Persounen ab 75 Joer, souwuel gesond wéi och vulnerabel Persounen, ofsteigend nom Alter geimpft. D'DP Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty froen bei den zoustännege Ministere no, ob och aner Beruffsgruppen,...
11 February 2021
Zu Lëtzebuerg gi chirurgesch Agrëff bei engem Lipödem ab dem 3. Stadium vun der Krankekeess rembourséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat net schonn ab dem 1. Stadium esou Agrëff rembourséiert ginn.
03 February 2021
D'Regierung huet rezent matgedeelt, datt eng drëtt Phase vum Large-Scale-Testing Mëtt Mäerz ulafe wäert. D'DP Deputéiert Carole Hartmann wollt an deem Kontext ë.a wëssen, wéi vill Prozent vun de Residente reegelméisseg um "Large schale Testing" deelhuelen.
28 January 2021
An enger Konventioun tëschent dem Staat an der Krankekeess (CNS) vun 2018 ass festgeluecht, datt Persounen iwwer 85 Joer de Vaccin géint d'Pneumocoquen net integral rembourséiert kréien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dës Alterslimitt festgeluecht gouf.
22 January 2021
De Süden an den Zentrum vum Land kréien 2 nei Maisons médicales. De Gesondheetsministère léisst awer och ënnersichen, wou nei Maisons médicales am Norden an am Oste vum Land opgebaut kéinte ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieng Kantoner als Standuert consideréiert ginn.
13 January 2021
Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn ass zu Ouere komm, dass et ënner Ëmstänn ganz laang dauert bis dass d'Leit d'Primm "Clever Fueren" och tatsächlech ausbezuelt kréien. Si hunn dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, firwat dat sou ass a wat kann ënnerholl ginn, fir dës Delaien ze reduzéieren.
24 November 2020
D'Europäesch Kommissioun huet dëse November annoncéiert, datt de Cannabidiol (CBD) als Betäubungsmëttel agestuft kéint ginn. Als Konsequenz wiere Produiten mat natierlechem CBD an der EU domadder verbueden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt.
19 November 2020
Ee Start-up aus dem Beräich vun der medezinescher Technologie huet ee neie séieren PCR-Test entwéckelt. Dësen Test kann a Klinicken an a Praxissen agesat ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dësen Test och zu Lëtzebuerg disponibel wäert sinn.
13 November 2020
D'Gesetz vum 20. Juni 2020 huet d'Period vu 26 Wochen Kënnegungsschutz bei Aarbechtsonfähegkeet wärend der Zäit vum État de crise ausgesat an den Dispositif modifizéiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Aarbechtsminister elo nogefrot, ob eng juristesch Onsécherheet fir d'Patronen bei Entloossungen, no Oflaf vun de 26 Wochen, entstan ass.
12 November 2020
Schonn zënter op mannst 2013 ass e Bypass zu Iechternach virgesinn, fir den Duerchgangsverkéier ëmzeleeden. Laut Koalitiounsaccord hätten d'Aarbechten virun Enn 2020 sollten ufänken. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi de Stand der Dinge an deem Dossier ass a wéini d'Aarbechte sollen ulafen. Donieft wollt hatt och wëssen, wéi wäit en anere Projet fir d'Verkéierssituatioun...
10 November 2020
Trotz de neie sanitäre Mesuren, déi Enn Oktober agefouert goufen, kann am Sportsecteur kee Chômage partiel ugefrot ginn. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn an dësem Kontext beim Aarbechts- a beim Sportminister nogefrot, ob aner finanziell Hëllefen fir de Sportsecteur virgesi sinn.