10 August 2022
Bis wéini riskéiere keng Schëffer méi op der Musel fueren ze kënnen a riskéieren mir mat den Transportproblemer um Rhäin Enkpäss oder souguer e Stop bei der Liwwerung vu Petrolsprodukter oder anere Wueren ze kréien ? Dës an nach weider Froen goufen vun eisem Deputéierten André Bauler un den Här Wirtschaftsminister an d‘Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung gestallt.
03 August 2022
Ass d’Lex Koller Gesetz vereenbar mat eiser lëtzebuergescher Constitutioun a mam Prinzip vun der libre circulation de capitaux am europäesche Bannemaart? Dës an nach aner Froen huet den DP-Deputéierten André Bauler un d’Justizministesch Sam Tanson gestallt.
01 August 2022
Gëtt dat aktuellt Déiereschutzgesetz net adequat ëmgesat a wéi ass d’Situatioun an den Déierenasyler ? Dës a weider Froe stellen d’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas dem zoustännege Landwirtschaftsminister.
22 July 2022
Zënter Joren ass d'N10 tëscht Reisduerf an Héischdref an engem schlechten Zoustand. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéini d'Strooss frëschgemaach gëtt.
13 July 2022
Op der Léier tëscht der Hierheck a Groussbus kënnt et ëmmer nees zu geféierleche Situatiounen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat geplangt ass fir d'Verkéierssécherheet op där Plaz ze verbesseren.
11 July 2022
Zënter gutt zéng Joer soll d'Police zu Woltz en neit Kommissariat kréien. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wou de Projet drun ass.
08 July 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler huet betreffend dem B6, der Grondsteier fir bebaubar Grondstécker, bei der Inneministesch nogefrot.
07 July 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler huet no konkreten Informatiounen zu der Serie vun Abréch zu Méchela beim Minister fir bannenzegt Sécherheet nogefrot.
06 July 2022
Mat den ëmmer méi héije Präisser klëmmt de Risk vun der Schwaarzaarbecht, wat onweigerlech Konsequenzen op d’Steierrecetten hätt. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere ënnert Anerem wëssen, ob de Statec Aschätzungen iwwert d’Evolutioun vun der Schwaarzaarbecht an dem Verloscht vu Steierrecetten huet, a wéi vill Kontrollen d’ITM an de leschte Joren duerchgefouert...
04 July 2022
Virun engem Joer hat staarke Reen dozou gefouert, dass um CR319 tëscht Woltz a Wanseler eng Säit vun der Strooss gerutscht ass. Well sech zënterhir näischt gedo huet, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wéi et ëm deen Dossier steet a wéini d'Aarbechte ufänke sollen.
30 June 2022
Geet de Konsum vu Bioproduiten zu Lëtzebuerg erof ? A wa jo, firwat ? Dës a weider Froe ronderëm d’Biolandwirtschaft hunn d’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler de Ministere fir Wirtschaft a Landwirtschaft gestalt.
29 June 2022
Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.
27 June 2022
Well de Stroossebelag vun der N15 am Heischentergronn an engem schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, ob net virgesi wier dësen ze erneieren.
22 June 2022
D'Belästegung duerch de Kaméidi vu friséierte Motorrieder ass ëmmer nees en Thema, besonnesch wärend der gudder Joreszäit. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wat d'Police dogéint ënnerhëlt.
21 June 2022
Am Bridderhaus zu Esch/Uelzecht ass de 16. Juni eng Kënschtlerresidenz ageweit ginn. Dat fréiert Spidol an der rue Léon Metz ass komplett renovéiert a restrukturéiert ginn a soll insgesamt 17 Kënschtler logéieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet an deem Kontext e puer generell Froen zu de Kënschtlerresidenzen am Land um d'Kulturministesch gestallt.
20 June 2022
Laanscht d‘Uelzecht an d‘Sauer schéngt eng ganz Rëtsch Beem krank ze sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.
16 June 2022
Et ass gewosst, datt d'Lëtzebuerger gäre reesen an e gudden Deel vu hirem järleche Revenu dofir ausginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister no Detailer iwwert d’Reesverhale vun de Lëtzebuerger gefrot.
14 June 2022
Obwuel d'Gemeng Parc Housen sech gutt entwéckelt huet an de leschte Joren, ass si net als CDA (centre de développement et d'attraction) régional an der Landesplanung ausgewisen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat d'Grënn heifir wieren an ob geplangt wier dat ze änneren.
02 June 2022
Lisst sech en Impakt vum Télétravail op den Trafic op Basis vun Zielunge feststellen? Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.
30 May 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi vill Bauerebetriber heiheem och Äerdbier ubauen, ëm wat fir Zorten et sech heibäi handelt a wéi d'Distributioun vun den Äerdbier organiséiert gëtt.
25 May 2022
Aktuell ginn Etüde gemaach fir an Zukunft méiglecherweis Waasser aus der Musel zu Drénkwaasser opzebereeden. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot, wéini dës Etüden ofgeschloss wäerte sinn a wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun der Musel steet.
24 May 2022
Wéi schonn 2018 an 2019, kënnegt sech och dëst Joer als aussergewéinlech dréchen un. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn der Ëmweltministesch dowéinst e puer Froe gestallt.
20 May 2022
D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn beim zoustännege Minister nogefrot, wat hannert de Rumeuren stécht, de Rekrutéierungsbüro vun der Arméi géif a noer Zukunft zougemaach ginn.
20 May 2022
Den Nord-Deputéierten André Bauler huet bei der Inneministesch nogefrot, ob et stëmmt dass Beruffspompjeeën an de CGDIS-Zenteren am Norden vum Land sollen ofgezu ginn, fir an an anere Regiounen zum Asaz ze kommen.
19 May 2022
De ChdN assuréiert op sengen zwee Sitte Wolz an Ettelbréck d’Gesondheetsversuergung fir de Norden an deelweis fir den Oste vum Land. Wat wäert an Zukunft ënnerholl ginn, fir datt déi zwee Sitten och an Zukunft attraktiv bleiwen? D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, ob eng Kollaboratioun mat der Universitéit Lëtzebuerg geplangt ass,...
12 May 2022
D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn goufen dorops opmierksam gemaach, datt et zu Ettelbréck de Moment Schwieregkeete gëtt fir d'Ambulanze mat genuch Personal ze besëtzen. An dem Kontext, hunn béid Politiker ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot wéi et mat der Disponibilitéit vu Benevoller ausgesäit.
06 May 2022
Wéi eng Auswierkung huet déi aktuell Präisdeierecht op d'Passagéierzuel beim ëffentlechen Transport? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot.
06 May 2022
De Wäschbier ass eng invasiv Spezies, déi sech zu Lëtzebuerg ëmmer méi ze verbreede schéngt. Ëmmer nees géif et zu Kontakter mat Mënsche kommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn dowéinst nogefrot, wéi d'Populatioun sech entwéckelt huet an ob d'Mesurë fir d'Populatioun ze reguléieren och gräifen.
05 May 2022
Den CSSST, deen der Direction de la Santé ënnersteet, ass zanter 2018 net méi zesummekomm. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat keng Reunioune méi stattfonnt hunn, an ob d’Ministesch an nächster Zäit eng Reunioun aberuffe wäert?
04 May 2022
De Projet vun enger Hängebréck iwwer de Stauséi wier eng weider flott touristesch Attraktioun fir den Norden. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi si zu deem Projet steet a wou en drun ass.
02 May 2022
Den Ausbau vun der Vëlospist PC22 schéngt virun allem wéinst Terrainen, déi feelen, net virun ze goen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wou deen Dossier drun ass.
26 April 2022
Et schéngt de Fall ze sinn, datt d’Apdikt vu Veianen an d’Gemeng Tandel verluecht wäert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob et eng konkret Demande fir dësen Transfert gëtt an ob et zu dësem Sujet schonn Entretienen mat de kompetenten Gemengenautoritéiten gouf.
20 April 2022
Zu Lëtzebuerg feelt et un Dokteren. Dat provozéiert laang Waardezäiten a wäit Deplacementer fir d’Patienten. Den André Bauler an de Gilles Baum, Deputéiert vun der DP, hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob gewosst ass, wéi vill Dokteren aus all Fachrichtung zu Lëtzebuerg schaffen, a wéi vill Dokteren an de leschte fënnef bäikomm oder an d’Pensioun gaange sinn.
19 April 2022
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass den CR346 tëscht Schieren a Schrondweiler an engem schlechten Zoustand wier. Aus deem Grond huet hien beim zoustännege Minister nogefrot, ob net virgesi wier, dës Strooss frëschzemaachen.
19 April 2022
Um Site vun der Cité militaire zu Dikrech soll en neie Logementsprojet entstoen, mee quitt dass de PAP schonn eng Zäit gestëmmt ass, schéngt sech net vill op der Plaz ze doen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn.
04 April 2022
Den André Bauler huet nogefrot, wéi sech d’Champignonsproduktioun zu Lëtzebuerg entwéckelt.
04 April 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler huet de concernéierte Minister e puer Froen iwwer ë.a. den Zoustand vun de Bamalleeën uerchter d'Land gestallt.
01 April 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt um Ettelbrécker Site vum Centre hospitalier du Nord an den nächsten Deeg kee Pediater méi zur Verfügung steet an d’Maternité dowéinst riskéiert missen zouzemaachen. Aus dësem Grond hu si bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dat stëmmt a wat an deem Fall d’Ursaache fir dësen Ëmstand sinn.
Kéinten an de fréieren Déngschtwunnenge vun der Police zu Colmar net Flüchtlingen ënnerbruecht ginn?
01 April 2022
Aktuell steet de Gros vun den alen Déngschtwunnenge vun der Police zu Colmar-Bierg eidel. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob een net ukrainesch Flüchtlingen an dëse Wunnengen ënnerbrénge kéint.
30 March 2022
Wéi ass et méiglech, dass den Environnement d'Aarbechten un der Ettelbrécker Gare eréischt gestoppt huet, nodeems dës schonn ugefaang haten? Firwat goufen déi Schmuebelnäschter eréischt dunn entdeckt? Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot.
30 March 2022
Den ale Wee, nieft dem CR348 tëscht Waarken a Bierden ass an engem schlechten Zoustand, kéint awer nach als Parksträife fir Leit déi do spadséiere ginn, genotzt ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.
30 March 2022
Ëmmer nees gesäit ee Plazen an der Natur, wou Leit hire Knascht entsuergt hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn nogefrot, wéi vill där Fäll et an de leschte Jore gouf.
30 March 2022
Schonn haut schaffen net méi genuch Pediateren hei am Land. Zesumme mam Wuesstem vun eiser Bevëlkerung, wäerten sech och d’Waardezäiten nach weider verlängeren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill Pediateren aktuell zu Lëtzebuerg schaffen, wéi vill Lëtzebuerger Pediatrie studéieren a wéi vill Pediateren bis 2025 gebraucht wäerte ginn.
22 March 2022
D‘N15 duerch Nidderfeelen soll 2022 deelweis erneiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dem zoustännege Minister e puer Froen zu dësem Chantier gestallt.
21 March 2022
De Präis vu ville Fleeschzorten ass an de leschte Woche staark geklommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wëlle vum Landwirtschaftsminister wëssen, wéi dës Entwécklung konkret war, wie vun dësen Hausse profitéiert a wat fir e Roll d'Ukrainkris spillt
15 March 2022
Am Staatsbudget sinn 10 Milliounen € fir Aarbechten um Internat vun der Akerbauschoul an der Hotelschoul virgesinn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, ëm eng Aarbechten et sech handelt, a wéini dës ofgeschloss solle sinn.
10 March 2022
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Klinick zu Wolz an eng Dagesklinick ëmgewandelt soll ginn. An enger parlamentarescher Fro, wollt den Norddeputéierten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Konzept vun dëser Dagesklinick soll ausgesinn, wat dat fir den Urgencendéngscht vun der Weelzer Klinick bedeit an ob dat een Impakt op den Ettelbrécker Site vum Centre Hospitalier...
09 March 2022
Virun e puer Jore gouf de Service "En oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gärtner" an d'Liewe geruff. D'Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et em dëse Service steet an ob e pandemiebedéngt deslescht méi an Usproch geholl gëtt?
09 March 2022
Zanter e puer Jore ginn zu Lëtzebuerg och Spargelen ugebaut. D'Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et em dës Produktioun zu Lëtzebuerg steet?
07 March 2022
Déi aktuell Situatioun an der Ukrain huet en Afloss op de Maart vun de Kären. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et ëm d’Importatioun an d’Exportatioun vu Käre steet.
24 February 2022
D’EU-Kommissioun huet e Projet fir en europäescht Liwwerkettegesetz presentéiert. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister nogefrot, wéi Lëtzebuerg zu deem Projet steet an ob mer eng Harmoniséierung op europäeschem Plang an deem Kader ustriewen ?
23 February 2022
Nodeems d'Akerbauschoul an hir nei Gebaier zu Gilsdrëff geplënnert ass, sollen déi al Gebaier fir den Ettelbrécker Lycée renovéiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wou dës Aarbechten dru sinn, an ob net och d'Laboe vun der ASTA renovéiert misste ginn.
22 February 2022
An engem Interview gouf behaapt, d'Regierung géif de Bau vu gréisseren Zäre fir datt méi regionaalt Uebst a Geméis kéint ugebaut ginn net ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi hien zum Bau vu gréisseren Zär steet a wat hie vum "vertical farming" hält.
21 February 2022
Nuets a weekends musse Leit am héije Norden vum Land sech fir bei den nächsten Dokter oft wäit deplacéieren, wa si krank sinn. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob et net opportun wier eng wieder Maison médicale an der Nordspëtzt vum Land z’installéieren, a wat ënnerholl ka ginn fir d’Situatioun kuerzfristeg ze verbesseren?
10 February 2022
Mat der “Farm to fork”-Strategie huet d’Europäesch Kommissioun Ziler definéiert fir d’Landwirtschaft bis 2050 méi nohalteg ze gestalten. D’Stëmmen no enger globaler Impaktstudie iwwert d’Objektiver ginn ëmmer méi haart. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi Lëtzebuerg zum Feelen vun esou enger Studie steet an ob si esou eng vun der Kommissioun verlaange...
09 February 2022
Duerch d'Ofschafe respektiv d'Ëmorganisatioun vu verschiddene Buslinnen am Norden schéngt et zu Schwieregkeeten am Schülertransport komm ze sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat de Minister ënnerhuele wëll.
08 February 2022
Am Kulturministère sollen Honnerte vun Dossiere fir d'Klasséiere vun Objete leien, fir déi zwar schonn e positiven Avis vun der nationaler Kommissioun vun de Sites et Monuments virläit, awer nach keng ministeriell Entscheedung geholl ginn ass. Ob dat wierklech stëmmt a wéi d'Sekretariat vun der COSIMO de Moment schafft, huet eisen Deputéierten André Bauler déi zoustänneg Ministesch gefrot.
08 February 2022
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass zënter dem Dezember 2021 eng Partie Buslinnen am Norden net méi fueren, wouvun och vill Schüler betraff wieren. Dowéinst huet hien nogefrot, wat de Grond dofir ass a wat de Minister ënnerhuele wëll, fir d'Situatioun ze verbesseren.
08 February 2022
Nodeems d'Finanzéierungsgesetz fir de Contournement Housen de leschte Summer an der Chamber gestëmmt gouf, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.
03 February 2022
Zënter e puer Méint fannen am Uert Schinker an der Gemeng Parc Housen archeologesch Ausgruewunge statt. An deem Sënn huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der Kulturministesch nogefrot, em wéi eng Aart vun Ausgruewungen et sech handelt.
31 January 2022
No de rezenten Aussoe vum Wirtschaftsminister zu den Immobilienagencen hire Kommissiounen, wollt den DP-Deputéierten André Bauler zousätzlech Informatioune kréien.
31 January 2022
Vu dass de Parking um Schinker aktuell an engem schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat virgesinn ass fir déi Plaz ze reamenagéieren.
28 January 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun de Quellen zu Lëtzebuerg steet an ob schonn en Effekt duerch déi nei Waasserschutzzone festzestellen ass?
25 January 2022
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn de Landwirtschaftsminister gefrot, wéi et ëm de Suivi vum Debat mat de Jongbaueren zum Thema aartgerechten Déierentransport steet, wéi déi nei EU-Recommandatioune konkret wäerten ëmgesat ginn an ob et zu engem weideren Debat zu deem Sujet wäert kommen ?
24 January 2022
Den Tuerm vun der aler Dikrecher Brauerei soll enger Expertise no baufälleg sinn an och ofgerappt ginn, fir dem geplangten Immobiliëprojet Plaz ze maachen. An deem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt.
24 January 2022
Wann d’Kand krank, mee de Kannerdokter grad net disponibel ass, da kënnen d’Elteren mat hirem Kand an d’Kannerklinik, an d’Clinique Bohler oder an d’ambulant Pediatrie vum Nordspidol fueren. Nieft laange Waardezäiten, musse virun allem Elteren aus dem Norden an Oste vum Land dofir oft laang Trajeten op sech huelen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch...
21 January 2022
Ecocombien oder Gigaliner, laang Camione mat enger Längt vu bis zu 25 Meter, sinn a ville Länner erlaabt, just zu Lëtzebuerg net. D'DP-Deputéiert Gilles Baum an André Bauler hunn nogefrot, ob dëst net e kompetitiven Nodeel fir eis Wirtschaft duerstellt.
19 January 2022
No der Erneierung vun der N12 am Préizerdaul an de leschte Joren, stellt sech raus dass dës Strooss op verschiddene Plazen trotzdeem an engem schlechten Zoustand ass. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob virgesinn ass, op dëse Plazen zousätzlech Reparaturaarbechten duerchféieren ze loossen.
18 January 2022
Den Deputéierten André Bauler huet sech bei den zoustännege Ministeren iwwer d’Grënn vun de rezenten Faillitten am Bausecteur informéiert.
12 January 2022
Mam Gesetz vum 31. Juli 2020 goufen d’Indemnitéiten fir Dokteren ugepasst, déi amgaang sinn hir Spezialisatioun ze maachen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, ob Dokteren, déi sech an der Spezialisatioun befannen schon dës adaptéiert Indemnitéit kréien, a wann net, ob ee retroaktiven Remboursement vun der Differenz virgesinn ass.
10 January 2022
Dem Schwéngssecteur geet et nach ëmmer ganz schlecht. Vill Produzente wäerten hir Produktioun astelle mussen. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob net nach weider Hëllefe fir de Secteur kéinte kommen a wat déi Schwéngsproduzente mat hire Gebaier kënnen an Zukunft maache falls se ophale mussen.
06 January 2022
Zënter kuerzem ass a Frankräich e Kaméidisradar am Asaz fir géint den iwwerméissege Kaméidi vu friséierte Motorrieder virzegoen; weiderer si scho geplangt. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn nogefrot, ob sou Radaren och zu Lëtzebuerg virgesi sinn.
05 January 2022
Viru Joren gouf de Projet vun enger Digue zu Clierf virgestallt, fir den Héichwaasserschutz an der Entrée vun der Uertschaft ze verbesseren. Well deen Dossier awer wéi et schéngt net richteg virugeet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas nogefrot, ob de Projet nach ëmmer aktuell ass a wa jo, wou en drun ass.
05 January 2022
Duerch d‘Pandemie hu vill Leit d’Virdeeler vu regionale Produkter erëm schätze geléiert. Besonnesch d’Kafe vu Fleeschproduiten, Geméis an Uebst, Eeër an och Mëllech direkt um Bauerenhaff schéngt déi lescht Méint zougeholl ze hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi d'Zuel vun den Huefbuttéker déi lescht Joren evoluéiert huet.
03 January 2022
Wéi vill Suen huet d'Regierung an de leschte Joren a wéi eng Infrastrukturprojeten an der Nordstad investéiert a wat ass fir déi nächst Jore geplangt? Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot.
21 December 2021
D'Héichwaasserschied am Iechternacher Park goufen bis haut nach ëmmer net gefléckt. D‘Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d’Kulturministesch an deem Kader no de Grënn fir dësen Retard a no der viraussiichtlecher Reprise vun den Aarbechten gefrot.
15 December 2021
De Personalmanktem bei der Police ass net nei, an awer schéngt d'Situatioun besonnesch am Norde besuergneserreegend ze sinn. An deem Kader huet den Deputéierten André Bauler beim Minister fir bannenzeg Sécherheet e puer konkret Froen eragereecht.
15 December 2021
Eis Schlässer a Buerge mussen ënnerhale ginn. Besonnesch d'Mauerwierk muss reegelméisseg iwwerpréift ginn, fir esou Situatioune wéi zu Beefort ze verhënneren. Zu Veianen um Schlass sinn och rezent e puer Steng erofgefall. An deem Kader huet eisen Deputéierten der Kulturministesch e puer Froe gestallt.
15 December 2021
Zanter ronn engem Joer ass zu Schieren um Haaptsite vun der Réimervilla net méi weider gegruewe ginn. Ob et dofir e bestëmmte Grond gëtt a wéi et mat weidere Projeten an Analysen ausgesäit, huet den Deputéierten André Bauler bei der Kulturministesch nogefrot.
13 December 2021
Vu dass et, wéi op ville Plazen am Land, och am Dikrecher Kanton u Schwemme feelt, wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, ob d'Schwemm am neie Nordstad-Lycée och fir de Public op wäert sinn.
06 December 2021
Déi al Kierch Saint-Laurent zu Dikrech ass klasséiert als nationaalt Monument, ma den Interieur vun der Kierch ass renovéierungsbedürfteg. Analysë vun Experten aus dem Joer 2019 hate schonn etlech Beschiedegungen deklaréiert. Stécker vum Verwëllef riskéieren erofzefalen an et gëtt eng Rei Froen zur Statik vum Gebai. Et ass an dësem Kader wou den Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Kulturministesch...
03 December 2021
Wéi et schéngt, hu sech d'technesch Problemer beim Tram an der Lescht geheeft. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn dowéinst beim Minister nogefrot fir weider Informatiounen ze kréien.
03 December 2021
Duerch d'Héichwaasser vum Juli ass zu Veianen eng Mauer, déi eng Strooss stäipt, agefall. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wéini dëse Schued gefléckt gëtt.
24 November 2021
Reegelméisseg kënnt et zu geféierleche Manöver um Fridhaff, wa Chauffeuren d'Op- an Offaartbretellen notze fir de Stau op der N7 ze ëmfueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob d'Police an deem Kader net méi Kontrolle misst maachen.
23 November 2021
Zanter enger gewësser Zäit schéngt de Chantier op der Maulesmillen net virun ze goen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Ursaachen heifir sinn.
23 November 2021
Nom Héichwaasser vum Juli läit nach vill Knascht an eise Gewässer, zousätzlech zu Offall, deen d'Leit sou dra geheien. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, wéi den Entretien vun de Waasserleef koordinéiert gëtt an ob virgesinn ass deemnächst de Knascht ewechzemaachen.
18 November 2021
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et momentan de Schwéngsproduzente geet a wéi de Staat hinnen nach kann hëllefen.
18 November 2021
An der däischterer Joreszäit ass et wichteg, dass Foussgänger a Vëlosfuerer gutt ze gesi sinn, fir de Risiko vun engem Accident ze reduzéieren. Déi lescht Jore gouf dowéinst eng Sensibiliséierungscampagne an deem Sënn organiséiert. Well déi dëst Joer awer wéi et schéngt ausfält, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.
16 November 2021
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi et ëm de Primärsecteur steet. Si hunn ënner anerem gefrot, wat d’Valeur ajouté vun deem Secteur ass a wat fir professionell Profiller am meeschte gefrot ginn.
16 November 2021
Duerch d'Héichwaasser vum leschte Juli sinn ë.a. zu Méchela Roulotten an d'Sauer geschwemmt ginn. Fënnef Méint méi spéit huet nach keen dës aus dem Floss gefëscht. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéini dës wechgeholl géife ginn.
15 November 2021
Ëmmer méi dacks héiert ee vu Kandsmëssbrauch an Affäre vu Maltraitance vu Kanner a Jugendlechen. Och Lëtzebuerg ass keng Insel an d’Zuelen hunn d’Tendenz zouzehuelen. An deem Kader hunn eis Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.
11 November 2021
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et dem Japankiewerlek zu Lëtzebuerg steet : wat fir Kulture sinn am meeschten a Gefor ? Wat kann een eng Ausbreedung verhënneren a wou kann een sech melden wann een e Japankiewerlek entdeckt?
08 November 2021
D'Infektiounszuele klamme nees an et ginn och nees méi Leit mat Covid-19 hospitaliséiert. D'DP-Deputéiert Gilles Baum an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob scho medezinesch Behandlungen hu missen verréckelt oder ofgesot ginn a wéi eng Spideeler am meeschte betraff sinn.
03 November 2021
Fir Entloossunge wärend dem duerch d’Covid-19 Pandemie verursaachten ekonomeschen Abroch ze verhënneren huet d’lëtzebuergesch Regierung de Chômage partiel agefouert. Des weideren huet de Ministère fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Bonge fir Formatiounen ugebueden. D’Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann froen den Aarbechtsminister no sengem Bilan iwwert des Formatiounsoffer.
26 October 2021
Ëmmer nees kënnt et zu Accidenter op enger Kräizung zu Flatzbour. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wat virgesinn ass, fir d'Plaz méi sécher ze maachen.
21 October 2021
Parallel zu der ëmmer méi héijer Nofro um Wunnengsmaart, ass d’Unzuel un Immobilièren zu Lëtzebuerg iwwer déi leschte Joren staark geklommen. An dem Kader huet den Deputéierten André Bauler bei den zoustännegen Ministeren nogefrot, wéi vill Méiwäert d’Immobilièren, d’Promoteuren an d‘Gerancen an der Moyenne generéieren a wéi vill Faillitten et am Secteur gouf.
20 October 2021
Tëscht Biissen a Viichten ass eng Kamera laanscht d'Strooss opgestallt ginn, dowéinst huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat et mat där Kamera op sech huet.
18 October 2021
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass déi aktuell Capacitéite vum Clierfer Lycée net duer géife goen, wat ë.a. d'Klassesäll betrëfft an dowéinst zum Deel am Gank Cours gehal misst ginn. Hien huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wou d'Pläng fir eng Vergréisserung vum Lycée dru sinn, a wat kuerzfristeg ënnerholl ka ginn, fir de Problem ze léisen.
18 October 2021
D’Regierung huet an de leschten Joren eng Rei Moossnamen a Projeten ëmgesat fir d’Acteuren vum Lëtzebuerger Tourismussecteur ze stäerken. Den Deputéierten André Bauler huet an deem Kader beim zoustännegen Minister nogefrot, wéi et ëm d’Promotioun vun de westlechen Kantonen steet.
15 October 2021
Ëmmer nees kënnt et zu schroen Accidenter op enger Kräizung bei Steeën. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dofir beim zoustännege Minister nogefrot, wat geplangt ass, fir dës Plaz méi sécher ze gestalten.
11 October 2021
D'marmoréiert Bamwanz ass en invasiivt Insekt aus Asien wat de Wënzer, Uebst- a Geméisgäertner vill Kappzerbrieches mécht. Dës Käffere kënnen effektiv ganz grouss Schied an de Wéngerten, Bongerten oder Geméisgäert uriichten. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustänneg Ministeren nogefrot, ob dës Käfferen sech och schonn zu Lëtzebuerg breet gemaach hunn an ob scho Schied an de Kulture...
07 October 2021
An deene leschten fënnef Joren goufen eng Rëtsch Postbüroen zougemaach an duerch alternativ Servicer a Verkafskanäl ersat. An dem Kontext huet den Deputéierten André Bauler beim Wirtschaftsminister nogefrot wéi et em d‘Zukunft vum Postbüro zu Ëlwen steet.
07 October 2021
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass wéinst dem Manktem u Parkplaze bei der neier Akerbauschoul vill Leit sech musse laanscht N14 stellen, wat ëmmer nees zu geféierleche Situatioune féiert. Den André Bauler huet dowéinst beim Minister nogefrot, ob net geplangt wier, de Parking beim LTA ze vergréisseren.
07 October 2021
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass et Problemer beim Clierfer Lycée géif ginn, wat d'Busser an d'Parkméiglechkeete betrëfft. Dowéinst huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, wat genee de Problem ass a wéi dee behuewe kéint ginn.
04 October 2021
De Mobilitéitsminister hat virun engem Joer an Aussiicht gestallt, dass de Beräich virun der Dikrecher Gare komplett reamenagéiert gëtt, inklusiv dem Verschwanne vun der Zuchbarrière an dem Schafe vun engem Pôle d'échange. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi wäit d'Etüde sinn a wéini mat den Aarbechten ugefaang ka ginn.
29 September 2021
Eng Rëtsch landwirtschaftlech Betriber hunn entscheet fir sech am Laf vun de leschte Joren als privat Gesellschaft ënner Lëtzebuerger Recht opzestellen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot ëm wéi vill Betriber et sech heibäi handelt a wat fir juristesch Forme fir dës Gesellschafte benotzt ginn.
27 September 2021
Ëmmer nees héiert een, dass déi obligatoresch archeologesch Evaluatioun vill Zäit kascht an zu de laange Prozeduren, wann ee baue wëll, bäidréit. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, ob dat sou ass a wa jo, wat dogéint ënnerholl ka ginn.
27 September 2021
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass eng sëllege Gefierer an der Géigend vu Kietscht duerch Rollsplitt beschiedegt goufen, nodeems d'Strooss frësch gemaach gi war. Dowéinst huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, ob et keng Alternative géif ginn, wa P&Ch eng Strooss frësch maachen, fir de Schued z'evitéieren, deen duerch Rollsplitt entstoe kann.
20 September 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler wollt vum zoustännege Minister wëssen, wéi den Trafic duerch Ëlwen an de leschte Joren evoluéiert huet, an ob et deemno wéi net sënnvoll wier, de Bau vum Contournement virzezéien.
16 September 2021
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Ierpeldenger Schlass, dat sech a Staatsbesëtz befënnt, als Monument national klasséiert gouf an deemnächst och restauréiert soll ginn. An deem Kader huet hie weider Informatioune vun den zoustännege Ministere gefrot.
14 September 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, ob et méiglech wier, en neie Panneau op der A7 opzestellen, fir méi Reklamm fir d'Éislek, seng Landschaften a Schlässer, ze maachen.
08 September 2021
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas weisen d’Ëmweltministesch dorop hin, datt an der Atert nach Bamstämm leien, déi eng Gefor fir d’SEBES-Bréck duerstellen. Si froen d’Ministesch dofir wat gemaach gëtt fir dës Gefor ze behiewen an ob et nach aner Plaze laanscht d’Atert ginn, wou ëmgefalle Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren?
08 September 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot wéi den Trafic sech zanter 2017 zu Saeul entwéckelt huet a wat fir Mesure geplangt si fir d’Situatioun ze verbesseren.
06 September 2021
Den Dengue Féiwer verbreet sech ëmmer méi an eise sougenannten temperéierten Regiounen. Dozou hunn d'Deputéiert vun der Demokratescher Partei, André Bauler a Gilles Baum, der Gesondheetsministesch e puer Froen gestallt, ënnert Anerem iwwer d'Virbereedung vun eise Spideeler, d'Iwwerwaachung vun der Verbreedung vum Virus an eisem Land an d'Perspektiven, déi d'WHO gesat huet.
02 September 2021
De Wuesstum vun der Bevëlkerung féiert zu enger klammender Nofro a ville Beräicher. D’Nofro vu Medikamenter an assimiléierte Produiten ass ee vun deene Beräicher. An deem Kader hunn eis Deputéiert Gilles Baum an André Bauler bei der Gesondheetsministesch, ënnert anerem nogefrot ob an dësem Joerzéngt virgesi wier de Contingent vun den Apdikten eropzesetzen.
01 September 2021
Den Ekonomisten no huet Däitschland mëttlerweil den Héichpunkt vu senger Relance passéiert, soudatt d’Vitesse vu sengem ekonomesche Wuesstem an deenen nächste Méint nees liicht erof geet. An dem Kader huet den Deputéierten André Bauler beim Wirtschaftsminister nogefrot wéi et ëm d’Prognosen vum Lëtzebuerger PIB steet a wéi eng Konsequenzen déi rezent Material-Enkpäss op eise Wuesstem hunn.
31 August 2021
An Deeler vun Europa schéngen d’Recolte vu Kären a Gromperen ënnert dem Wieder vun de leschte Wochen staark gelidden ze hunn. Wéi eng Informatioun konnten d'Servicer vum Ministère diesbezüglech scho kréien a wéi eng Konsequenze ginn et fir zukünfteg Recolte. Eis Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
23 August 2021
Engem rezenten Zeitungsartikel no hätt den Ëmweltministère proposéiert, ganz Randschelt an eng Zone verte ze reclasséieren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn a wéi eng Auswierkungen sou Decisioune kéinten hunn, besonnesch wat méiglech Demanden no Schuedensersatz betrëfft.
18 August 2021
D’clercs de notaire fungéieren als déi riets Hand vun de Notairen an ënnerstëtzen si wäitreechend an hirer Aarbecht: Akte preparéieren, Dossiere suivéiere, Client treffen – alles dat sinn Aufgaben déi vun engem clerc de notaire iwwerholl kënne ginn. Mee wéi ass dës Funktioun genee reglementéiert? Gëtt et genuch clercs de notaire a wat fir ee Profil ass hei verlaangt ? Eis Deputéiert André Bauler a...
10 August 2021
Am Lycée Edward Steichen ass d’Unzuel vun de Schüler säit senger Ouverture am Joer 2018 kontinuéierlech geklomme. Am Kader vun der Rentrée 2021/2022 wollt den Deputéierten André Bauler ënner anerem wëssen wéi et ëm d’Kapazitéiten vun de Klassesäll steet an aus wéi engen Regiounen di meeschte Schüler kommen.
10 August 2021
Säit der Reform vun 2017 funktionéiert den eemolege Regime vum „Technique“ ënnert dem Numm „Enseignement Général“. Dem Deputéierten André Bauler ass allerdéngs opgefall, datt et nach ëmmer eng Partie Lycéeën am Land gëtt, déi de Numm „Lycée technique de…“ droen. An deem Kader wollt hien vum Educatiounsminister wëssen, ob d’Nimm vun dëse Schoulen an Zukunft sollen ugepasst ginn.
27 July 2021
Nom Plënnere vun der Nationalbibliothéik op de Kierchbierg stinn d’Gebaier vum ale Stater Kolléisch eidel. Ursprénglech war jo geplangt eng Nationalgalerie do opzemaachen. Mëttlerweil gëtt awer ugeduecht vereenzelt Servicer vun der Cité judiciaire an dëse Gebailechkeeten ënnerzebréngen. Detailer dozou huet Eisen Deputéierten André Bauler bei den zoustännege Ministèren nogefrot.
27 July 2021
Zu Lëtzebuerg ginn et eng sëllegen Iwwerreschter aus der Réimerzäit. Dorënner Villen, Griewer, awer och Stroossen oder déi sougenannte “Réimerweeër”. Schonn am Altertum war Lëtzebuerg genee am Zentrum vu verschiddene gallo-réimesche Weeër. Am Kader vun dëse Réimerweeër huet Eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen un d’Madamm Kulturministesch an den Här Minister fir Tourismus gestallt.
22 July 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass et rezent zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler komm wier. Si wollten dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob si weider Informatiounen zu dësem Virfall hätt.
22 July 2021
Kéint duerch d'Installatioun vu Polder, déi d'Waassermasse bei Héichwaasser opfänken, den Iwwerschwemmungsrisiko bei Flëss reduzéiert ginn? D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot.
19 July 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler a Guy Arendt ass zu Ouere komm, dass d’Sekretäre vun deene fréiere Juegdsyndikater net däerfen d’Kontosnummere vun de Bësch-, Wisen a Feldbesëtzer un déi nei Sekretäre rausgi wéinst dem Dateschutz. Dowéinst hu si bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi dëse Problem kéint behuewe ginn.
07 July 2021
Beim Reamenagement vun der N7 tëscht Dikrech an Ettelbréck war proposéiert ginn, zousätzlech Schallschutzmoossnamen op der Héicht vun der Cité Longchamps en Place ze setzen, z.B. a Form vun Hecken. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob nach ëmmer virgesi wier, dës Moossnamen ëmzesetzen a wa jo, bis wéini dat sollt geschéien.
01 July 2021
D'Delta-Variant vu Covid-19 verbreet sech ëmmer méi an Europa. Domadder kënnt d'Suerg op, datt am Hierscht eng 4. Infektiounswell op eis duerkomme kéint. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si de Risiko vun enger 4. Well hei am Land aschätzt an ob scho Preparatioune lafen fir sech op dëse Fall virzebereeden.
29 June 2021
Déi global Erderwiermung an ëmmer méi heefeg Dréchenten hunn negativ Konsequenze fir de landwirtschaftlechte Buedem zu Lëtzebuerg. Agroforstwirtchaft kéint eng Léisung sinn fir eisem Buedem géint d'Dréchent ze hëllefen. An dësem Kontext huet den DP-Deputéierten André Bauler de Landwirtschaftsminister no méi Informatioune iwwert Agroforstwirtchaft gefrot.
17 June 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler huet déi zoustännege Ministeren op déi geféierlech Verkéierssituatioun zu Dikrech higewisen a wollt wëssen, wat geplangt wier fir d'Situatioun z'entschäerfen.
17 June 2021
D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot ob et wéinst der Pandemie zu Retarde bei Liwwerung vun den neien Zich fir d'CFL kënnt, déi 2018 bestallt gi waren.
14 June 2021
Nodeems de Staat an enger éischter Phase gratis Masken un d’Awunner verdeelt huet, hunn och d’Apdikten an d’Geschäfter ugefaangen allerhand Zorten vu Masken ze verkafen. D’Präisser an d’Qualitéit dovunner sinn allerdéngs ganz ënnerschiddlech. Den Deputéierten André Bauler huet an deem Kader beim Wirtschaftsminister nogefrot, ob dës Masken alleguerten enger Qualitéitskontroll ënnerworf ginn an ob de...
09 June 2021
All Mënsch brauch tëscht dem ganzen Alldagsstress och ë bësse Rou. Dat gëllt besonnesch fir d’Patienten an de Spideeler, fir d’Awunner an den Altersheemer, awer och fir all aner Bierger a sengem Doheem: sief dat elo an engem Wunnquartier, an enger touristescher Regioun oder op enger Haaptstrooss. Déi Rou op déi all Mënsch en Usproch huet, gëtt awer ëmmer méi dacks perturbéiert, notamment duerch divers...
07 June 2021
De Staat kann de d’Entwécklung vum ländlech Raum iwwert verschidde Weeër ënnerstëtzen. Engersäits gëtt et de Fonds d’orientation économique et sociale pour l’agriculture (FOESA), anersäits ginn et d’LEADER-Projeten. Den DP-Deputéierten André Bauler huet festgestallt, datt wéineg Projeten iwwert de Fonds ënnerstëtzt gi, woubäi d’LEADER-Projete méi finanziell Ënnerstëtzung an Usproch huelen. Den Nord-Deputéierten...
07 June 2021
Opgrond vum Klimawandel wäerten Hëtztwellen ëmmer méi heefeg ginn. Domadder klëmmt och de Risiko vun Dehydratiounen an Hëtztdoudegen, virun allem bei eeleren a kranke Leit. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch zu dësem Sujet e puer Froe gestallt, ënnert Anerem zu wéi villen Hëtztdoudeger an Dehydratiounen et hei am Land an de leschte Joren komm ass.
03 June 2021
D’Jugendkriminalitéit huet zënter dem Ufank vun dësem Joer eng nei Dimensioun geholl. Besonnesch an de leschte Méint, sinn eng Rei Fäll mat dramatesche Suitte vun de Medien opgegraff ginn di zu villen Diskussiounen am Land gefouert hunn. An deem Kader hunn eis Deputéiert André Bauler a Claude Lamberty beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot ob d’Jugendkriminalitéit sech mat der Pandemie verännert...
01 June 2021
Viru kuerzem ass am Zentrum vun Dikrech e grousse Chantier ugefaange ginn, dee viraussiichtlech bis Enn des Joers wäert daueren. Vu déi grouss Perturbatioune vum Trafic huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat virgesinn ass fir de Chantier sou séier et geet iwwer d'Bün ze bréngen an den negativen Impakt sou kleng wéi méiglech ze halen.
25 May 2021
Aktuell géif et Diskussioune ginn fir e P&R um Hareler Poteau ze schafen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dëse scho méi dozou soe kéint.
18 May 2021
Fir d’Baueren, d’Geméisgäertner an d’Wënzer ass d’Land e wichtegt Produktiounsmëttel. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Landwirtschaftsminister no, wéi d’Präisser vun de landwirtschaftlechen Terrainen sech déi lescht Joren entwéckelt hunn.
18 May 2021
Zu Iechternach soll um Péngschtdënschdeg zu Éiere vun der Sprangpressessioun eng Skulptur aus Bronze ageweit ginn. Well de Site vis-à-vis vun der Basilika mat zum Monument national gehéiert a geschützt ass, muss den zoustännege Ministère seng Autorisatioun fir dës Skulptur ginn. An deem Kontext hunn eis Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler eng dringend parlamentaresch Ufro gestalt.
10 May 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat sech am Dossier vum ëmstriddene Wandrad bei Bierden an der Lescht gedoen huet a wou d'Prozedur aktuell drun ass.
10 May 2021
Virun e puer Joer gouf decidéiert d’Ëffnungszäiten vun de Postbüroen zu Bauschelt a Rammerech ze kierzen. Ufanks 2021 hunn d‘Büroen hir Dieren dunn komplett missen zoumaachen. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt an deem Kader wëssen wat d‘Grënn fir dës Fermeture sinn a wat dës Decisioun fir d’Awunner an d’Entreprise bedeit.
07 May 2021
Aktuell stellt een en zolitte Wuesstem bei de Präisser vu verschiddene Materialie fest. Den DP-Deputéierten André Bauler freet de Landwirtschaftsminister ob och eis Baueren, Gäertner ran assimiléiert Betriber dovunner betraff sinn. Zudeem freet hien ob et bei verschidde Produkter zu Liwwerenkpäss komm ass an ëm wat fir Produkter et sech handelt.
04 May 2021
D'Installatioun vun enger Reewaasseranlag, fir Reewaasser fir verschidden Zwecker ze notzen, ass eng Méiglechkeet fir Drénkwaasser ze spueren, grad wann Dréchent an Hëtzt dem Grondwaasser zousetzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hu beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et an där Hisiicht bei den ëffentleche Gebaier ausgesäit.
03 May 2021
Déi historesch Sammlung vun der Police ass deemools an der fréierer Garage vun der Gendarmerie ënnerkomm, e schützenswäert Gebai um Verluerekascht, wou 2022 d'Bauaarbechte fir d'Regierungsgarage sollen ufänken. Deemno misst nach dëst Joer eng definitiv oder ëmmerhin eng Iwwergangsléisung fonnt gi, fir d'Sammlung ënnerzebréngen. An deem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler eng ganz Rei Froen un...
29 April 2021
Opgrond vum Mangel u Rostoffer an anere Materialien, huet d'Regierung decidéiert fir de Chômage partiel am Bausecteur bis Juni ze verlängeren. An dësem Kontext hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann bei den zoustännege Ministeren ënnert Anerem nogefrot wéi vill Entreprisen hei betraff sinn a wéi eng Konditiounen erfëllt musse sinn fir de Chômage partiel kënnen unzefroen.
20 April 2021
Am Kader vun der nationaler Dezentraliséierungspolitik sollen eng Rëtsch nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg entsoen. Och am Norden vum Land besteet nach Potential fir d’Entwécklung vu neien Wirtschaftsstanduerter. An deem Sënn wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, wéi eng Strategie de Wirtschaftsminister fir d’Diversifizéierung vum Kanton Wolz virgesinn huet?
16 April 2021
Déi laang Liwwerzäiten fir Holz an Holzfaserplacken a besonnesch déi weltwäit Präishausse vun där Matière Première suergen den Ament fir vill Kappzerbrieches ënnert gewëssene Konsumenten a Betriber. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister nogefrot, wéi déi Lëtzebuerger Baubranche mat der aktueller Situatioun ëmgeet.
13 April 2021
Nodeems a ganz Frankräich de Frascht de Riewe schlëmm zougesat huet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler, Gilles Baum a Carole Hartmann beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit.
01 April 2021
Den Här Minister vun der Landesplanung hat sech an engem Interview gewënscht, datt sech nach eng Rei Verwaltungen an der Nordstad sollen néierloossen. Als Stad um Floss an an der Natur hätt d’Nordstad en immensen Atout den d’Regierung, an Zesummenaarbecht an am Dialog mat de Gemenge géing wëllen ausbauen. Wat fir eng Verwaltunge sinn dat, a wou wäerten dës installéiert ginn. Den Deputéierten André...
26 March 2021
D’Klibberen ass eng al Traditioun zu Lëtzebuerg. D’Lëtzebuerger Massendénger hunn elo eng Initiative gestart fir dës Traditioun op déi national Lëscht vum immaterielle Kulturierwe setzen ze loossen. Eisen Deputéierten André Bauler begréisst d’Initiative fir Dokumentatiounsmaterial ze sammelen an huet bei der Kulturministesch nogefrot ob si bereet wier d’Massendénger ze ënnerstëtzen an d’Klibberen eventuell...
25 March 2021
Rezent sinn eng ganz Rei Kierchen desakraliséiert ginn. Laut dem Gesetz vum Kierchefong kann de Fong am Besëtz vum mobille Patrimoine aus der Kierch bleiwen. Anscheinend gëtt deen iwwerflëssege Mobiliar, deen d’Gemengen net wëllen, deelweis einfach versteet. An dësem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. Virun allem wëll hie wëssen ob et net ubruecht...
24 March 2021
Obwuel Spideeler streng Hygiènesmesuren anhalen, kann et virkommen, datt sech Patienten am Spidol mat Covid-19 ustiechen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d'Gesondheetsministesch no Statistiken gefrot a wéi oft Schnelltester am Spidol an den Asaz kommen fir d'Patienten ze schützen.
16 March 2021
D’Nationale 7 ass bekannt dofir datt deelweis immens séier gefuer gëtt. Elo rezent koum et méi dacks vir, datt tëscht dem Rond-Point Fridhaff an dem Rond-Point Housen immens gerannt gëtt. Dëst ass besonnesch bei Camionnetten opgefall déi owes a Richtung Belsch Grenz ënnerwee sinn. An deem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi vill Accidenter et an de...
15 March 2021
An engem rezente Communiqué fuerderen de Mouvement écologique an d'Lëtzebuerger Jongbaueren a Landjugend, dass PV-Anlage prioritär op Gebaier oder soss scho benotzte Flächen installéiert ginn, a sou mann wéi méiglech um Buedem fir net zousätzlech Flächen ze versigelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi si dozou stinn a wéi vill fräi Flächen zu...
09 March 2021
Klacke gehéieren ouni Zweiwel zum kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg. A Frankräich gëtt et esouguer eng Initiative fir d'Laude vu Kiercheklacken als immaterielle Patrimoine klasséieren ze loossen. An deem Kader huet den Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt. A senger parlamentarescher Fro wëll hien ënnert anerem wëssen ob d'Madamm Ministesch wëlles hätt d'Laude vun...
09 March 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass zougedroe ginn, datt fir eeler Leit aus der Nordspëtzt, mat enger Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung, am Impfzentrum zu Ettelbréck deelweis keng Zäitplagë méi fräi waren. Si kruten um Telefon gesot si missten ee Rendez-vous zu Munneref huelen. D'Deputéiert hu sech bei der Gesondheetsministesch renseignéiert, ob et sech dobäi ëm Eenzelfäll handelt...
09 March 2021
Eréischt 2018 krut Lëtzebuerg e richtege legale Kader fir den Archivage vun Dokumenter. Ma un deenen ale Kommunikatiounsfriste vun 100 Joer ass deemools näischt geännert ginn. An deem Kader stellt sech eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen a wëll besonnesch wëssen ob et net awer eventuell ugeduecht wier, déi Delaien deenen aus der Belsch unzepassen.
05 March 2021
Statistesch Analysen an aner wëssenschaftlech Methoden kënnen der Regierung dobäi hëllefen effikass Léisungen zu diverse Problemer ze fannen. An Däitschland gëtt ë.a. bei wirtschaftspolitesche Froen de Rot vun engem wëssenschaftleche Gremium erbäi gezunn. An deem Kader wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, op esou ee Berodungsorgan och fir Lëtzebuerg kéint vun Interêt sinn.
05 March 2021
D'Raimlechkeeten am Kasäregebai vun der fréierer Festung Lëtzebuerg wäerte fräi ginn, well d'Nationalarchiven op de Belval plënneren. Eisen Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot ob et eventuell esouguer schonn en neie Projet fir d'Gebai gëtt a wéini ee kéint mat den Aarbechten ufänken.
05 March 2021
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Haus vum Schrëftsteller Max Goergen, dat dem Staat gehéiert an denkmalgeschützt ass, eidel steet. Dowéinst wollt hie vun den zoustännege Ministere wëssen, wat mam Haus geschéie soll a firwat sech bis lo nach näischt gedoen huet.
02 March 2021
Nieft den Impfzenteren soll an Zukunft och an de Praxissen vun Hausdokteren géint de Covid-19 geimpft kënne ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ab wéini dëst méiglech wäert sinn an ob jiddereen sech vu sengem Hausdokter wäert kënnen impfe loossen.
01 March 2021
Vill Vëlosfuerer hunn eng Luucht um Vëlo, déi blénkt, fir dass ee se besser op der Strooss gesäit a wëll se sech sou méi sécher spieren. Well de Mobilitéitsminister sou Luuchte verbidde wëll, hunn d’DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wéi et zu där Decisioun komm ass an ob d’Vëlosinteresseverbänn am Virfeld no hirer Meenung dozou gefrot gi sinn.
01 March 2021
Nieft dem Diesel an dem Bensin, sinn och aner Rohstoffer iwwer déi leschte Méint däitlech méi deier ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister ënnert Anerem nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wat dat fir déi nächst Index-Tranche bedeit.
25 February 2021
Fir Professioneller aus dem Gesondheetsberäich, déi am Norde wunnen, ass et mat engem groussen Zäitopwand verbonnen fir hir 2. Impfung géint de Covid-19 bis op de Lampertsbierg ze fueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob dës Leit hir 2. Impfung net och am neien Impfzentrum zu Ettelbréck kréie kéinten?
24 February 2021
De Signalkrebs an de Kamberkrebs sinn zwou invasiv Aarten, déi sech a ganz Europa zënter Joren ausbreeden - dëst mat engem gravéierenden Impakt op déi lokal Ökosystemer. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Mesuren déi am Aktiounsplang virgesi sinn, bis lo de gewënschte Succès haten, wéi vill där Déieren an de leschte Jore konnte gefaangen oder...
24 February 2021
D'Gemenge kënnen a sollen hire schützenswäerte Patrimoine an de PAG androen. De Service vu Sites et Monuments huet hier Recommandatiounen un d'Gemenge weiderginn, ma net all Gemeng geet deene Recommandatiounen no. Elo ass e Ranking publizéiert ginn, deen d'Madamm Inneministesch an engem rezenten RTL Interview zur Sprooch bréngt. Zu deem Sujet huet den Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Madamm...
23 February 2021
Déi australesch Autoritéite warne vun enger neier Variant vun der Schwéngspescht. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wéi héich d'Gefor ass, datt dës Variant et bis an Europa packt.
22 February 2021
Wéi huet de Waasserstand am Stauséi an de leschte Joren evoluéiert? Wéi ass den Zoustand vun der Staumauer? Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot.
19 February 2021
Well et anscheinend net richteg viru geet mat de Planungen um Contournement Ettelbréck-Feelen, ënnert anerem och well nëmmen e klenge Budget fir Studie virgesi wier, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Stand der Dinge an deem Dossier ass.
12 February 2021
Op verschiddene Plaze ginn et scho Wunnengen an Zuchstatiounen. Mee wéi gesäit et generell am Land mat sou Projeten aus? Gëtt et do nach Loft no uewen? Wat ass geplangt? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu weider Informatioune vum zoustännege Minister gefrot.
12 February 2021
Nodeems d'Aarbechten um PC1 am Norde vum Land deemnächst sollen ufänken, freet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister no, ob et net eng Iddi wier, am Summer nees um Arrêt Maulesmillen stoen ze bleiwen, fir den Tourismus an der Géigend ze fërderen.
11 February 2021
Virun zwee Joer huet de Minister fir ëffentlech Aarbechten dem DP-Deputéierten André Bauler op seng parlamentaresch Fro zu engem méiglechen Internat beim Clierfer Lycée geäntwert, et géif keng Demande dofir ginn. Wéi ass et haut domadder? Den André Bauler huet nogefrot.
02 February 2021
Al Traditiounen a Bräich geroden ëmmer méi an de Vergiess. Si kënnen a sollen als immateriellt Kulturierwen geschützt ginn. Op Liichtmëssdag huet den Deputéierten André Bauler dofir e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt.
29 January 2021
An den USA huet d'Administratioun fir Liewensmëttelsécherheet (FDA) kierzlech gentechnesch verännert Schwäi fir déi mënschlech Consommatioun zougelooss. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler froen d'Gesondheetsministesch an de Landwirtschaftsminister wat si dovunner halen an ob dës Schwäin och an Europa fir d'Medikamentenhirstellung oder an der Liewensmëttelhierstellung dierfe benotzt ginn.
28 January 2021
Wéi et schéngt, ass de Goldschakal méiglecherweis eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg gesi ginn. D'DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat den Impakt vu senger Presenz virun allem op d'Beutedéieren ass, a wéi et allgemeng ëm d'Bekämpfung vun den invasiven Déierenaarten hei am Land steet.
27 January 2021
Verschidde Fusiounsgemengen hunn sech mat der Fusioun och e neie Wopen ginn. Aner Gemengen setzen op e Gemenge Logo fir hir Identitéit no baussen visuell auszedrécken. An dësen Demarchen ginn d’Gemenge vun der Commission héraldique vum Staatsministère ënnerstëtzt. Den Deputéierten André Bauler huet beim Staatsministère nogefrot, wéi eng Gemengen iwwer déi lescht Joren hire Wopen oder Logo geännert...
25 January 2021
De Gesondheetsministère verschéckt Invitatiounen fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. Mee muss ee sech ofmellen, wann een d'Impfung refuséiert? D'Deputéiert vun der Demokratescher Partei Gilles Baum an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot.
22 January 2021
De Süden an den Zentrum vum Land kréien 2 nei Maisons médicales. De Gesondheetsministère léisst awer och ënnersichen, wou nei Maisons médicales am Norden an am Oste vum Land opgebaut kéinte ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieng Kantoner als Standuert consideréiert ginn.
12 January 2021
D'Uergel vun der Stater Kathedral ass d'lescht Joer fir Renovatiouns- a Moderniséierungsaarbechten ofmontéiert ginn. Den Deputéierten André Bauler stellt a senger parlamentarescher Fro haaptsächlech Froen zur Finanzéierung vun dësen Aarbechten.
12 January 2021
De Projet sollt eigentlech Enn vum leschte Joer ufänken, ma et huet sech bis elo nach näischt gedoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wou de Projet drun ass.
12 January 2021
No den Ännerunge vum Busplang vum 13. Dezember hunn eng Rei Linnen am Norde missten nach emol ugepasst ginn, well et zu Schwieregkeete komm ass, zemol beim Schülertransport. Well awer keng Adaptatioune bei der Buslinn 555 virgeholl goufen, quitt dass et och hei eng Rei Problemer gëtt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nach emol beim zoustännege Minister nogefrot.
28 November 2020
Enn September 2017, huet d'Regierung e Pilotprojet virgeluecht, an dem de Fonds de compensation (FDC) encouragéiert gouf, sech d'Avantage fir d'Schafe vun abordabele Locatiounswunnengen ze engagéieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn an dem Sënn beim den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi den Avancement vum Projet zu Gréiwemaacher ausgesäit a wat fir eng Montante säit Hierscht 2017 vum...
24 November 2020
D'Plans d’aménagement particulier (PAP) spillen eng wichteg Roll wann et ëm d'Schafe vu Wunnraum geet. Deementspriechend hunn d’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn nogefrot wéi vill PAP'en de Moment realiséiert ginn a mat wéi vill néi gebauten (abordabelen) Wunnengen ze rechnen ass.
23 November 2020
Den Ament ass et Usus datt déi meescht Immobilie-Constructeure Präisser affichéieren, déi op Basis vum reduzéierten TVA-Taux vun 3% berechent sinn. Dëst stellt allerdéngs eng Gefor fir de Konsument duer. 2019 haten d’Ministesch fir de Konsumenteschutz an de Minister vum Logement annoncéiert iwwert eng Standardiséierung vun den annoncéierte Wunnengspräisser nozedenken. D‘DP-Deputéiert André Bauler a...
23 November 2020
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass et am Kader vum neie Busplang zu Schwieregkeete beim Schülertransport wäert kommen, speziell wat d'Linn 545 Heischent-Ettelbréck betrëfft. Tatsächlech kéimen nom neie Plang d'Schüler entweder vill ze fréi oder ze spéit an d'Schoul. Den André Bauler huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot.
18 November 2020
Waasser ass eng liewenswichteg Ressource, och fir eis Landwirtschaft. No deene ville waarme Summeren hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill d'Landwirtschaft, de Gaardebau an och de Wäibau momentan brauchen an Zukunft brauche wäerten.
10 November 2020
D'Nationalgalerie soll net wéi geplangt an d'Gebai vun der aler Nationalbibliothéik kommen, ma op Diddeleng an den neie Quartier Neischmelz. An dësem Kader huet den Deputéierten André Bauler der Madamm Kulturministesch e puer Froe gestallt.
09 November 2020
Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare soll och eng nei Jugendherberg gebaut ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministere nogefrot, fir weider Informatiounen dozou ze kréien.
06 November 2020
D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ënnert wat fir enge Critèren SNHBM Immobilie keeft, a wisou verschidden Terrainen a Gebaier bis elo nach net valoriséiert goufen.
03 November 2020
Iwwer déi lescht Méint stoungen op zwou Strecken am Norde mobil Radaren, dëst tëscht Méchela an Ierpeldeng-Sauer, souwéi tëscht Ettelbréck a Feelen an tëscht Bidscht a Schumannseck. Eisen Deputéierten André Bauler huet dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet e puer Froen zu deene Radare gestallt.